Stop copying the copyrighted material!

Language switcher

Select your language

  • Letzebuerg (Letzebuerg)
  • Français (France)
  • Deutsch (Deutschland)
  • Nederlands (nl-NL)
  • English (United Kingdom)

Problems with hiking trails

Dir sidd als User bei wwl.lu ageloggt a kennt elo ären eegene Wanderjournal installéieren.

Sënn an Zweck vun dësem Wanderjournal ass, op e Bléck ze gesi wat fir eng vun de Wanderweeër, déi op WWL agedroe sinn, dir scho gemaach hutt.


scho registréiert

registreieren

Als ageloggten User gesitt dir op deene Säiten déi den Detail vum Wanderwee uweise, ganz uewen, ob dir dëse Wee schonn an ären Journal agedroen hutt oder net.



Wa net, kënnt dir op de Link klicken an dir gitt dann automatesch op Registréierungsssäit weidergeleet, wou dir dann nach den Datum vun der Wanderung musst androen an do kënnt dir eventuell och nach Fotoen oder aner Dokumenter matschécken.


Riets gesitt dir och zwou nei Funktiounen, Wanderungen an de Journal androenMeng Wanderungen.

modul wanderungen androen

Wanderungen an de Journal androen schéckt iech op d'Säit wou dir är Wanderungen auswielen a mat Datum an eventuell Notizen a Fotoen oder aner Dokumenter kënnt enregistréieren.

 

Meng Wanderungen schéckt iech op eng nei Säit wou dir all är Wanderunge gesitt déi dir agedroen hutt,

mat Link zum Wanderwee
d'Kategorie vum Wanderwee
déi genee Kilometer no GPX
Datum vun der Wanderung
är Notizen an/oder Fotoen
mat Méiglechkeet no deenen eenzelne Rubricken ze zortéieren

Gesamt Kilometer
a wéivill Weeër dir enregistréiert hutt

Déi Wanderweeër déi dir nach net gemaacht hutt, ginn och ugewisen

De Wanderjournal ass perséinlech a kann nëmme eleng vun iech gekuckt ginn.

 Bei Problemer oder Froen, ganz einfach mellen