Schreift hei är Meenung oder Erfarung
E ganz interessantenen an ofwiesslungsräichen Tour. De ganze Wee iwer huet een eppes ze kucken an och déi 2 Parke si wonnerschéin ugeluegt, vill verschidden Zorte Beem. Ech war erstaunt, dass et nach sou vill onbekannte Weer um Lampertsbierg ginn, déi net direkt laanscht d‘Haptstroossen mam héichen Traffik féieren, an de Wee och esou interessant fir eis véierbeeneg Frënn maachen. Et sinn allerdengs vill Trapen ze goen, duerfir eegent sech dese schéinen AP net fir mat der Kutsch respektiv dem Rollstull ze fueren.