Schreift hei är Meenung oder Erfarung
20.07.24 Den Départ ass an der Haaptstrooss bei der Kierch. Parkplazen sin laanscht Haaptstrooss oder hannert der Kierch. Et geet vir d'éischt duerch Duerf, éiert et laanscht Wisen biergop geet bis bei de Besch. Et geet dann virun duerch de Besch bis op de Plateau, iwwert Strooss an dann laanscht de Claushaff. Duerno geet et nees duerch de Besch relativ flaach, éiert et relativ staark biergof geet an den Dal. Et geet dann flaach virun duerch den Dal, éiert et zimlech laang géi biergop geet duerch de Besch. Um Plateau ass eng Blockhütt mat Bänken. Duerno geet et méi schwéier virun Richtung Mamerléen. Niewt dem Wee geet et ganz stéil an Déift, de Wee ass do mat engem Zonk versin. Dann geet et iwwert e puer Traapen biergof. Trappen sin ouni Gelänner. Um leschten Deel vir an den Dal leien eng Partie Beem um Wee, wou et relativ schwéier ass driwer ze klammen. Ennen ukomm, geet et e Steck laanscht Strooss, an dann erof an Duerf. De Wee geet laanscht Schlass zereck bei den Ausgangspunkt. De Wee ass op der ganzer Längt gudd markéiert, Bänken get ennerwee net vill.