CFL 37-Luxembourg-Sandweiler. Vun der Gare geet et an de Gronn, duerch de Bisser Wee op Polvermillen an iwwert vélospiste op Hamm, Schläifmillen duerch de Bësch op Gantebäinsmillen wou et duerch de Bësch an duerch Felder op Contern geet. Een ofwiesslungsräichen tour dee mir, trotz dem Stéck vélospiste gutt gefall huet.