WWL Wander Blog

Wat maachen bei engem Noutfall um Wanderwee?

blog cgdisBestëmmt huet deen een oder aneren sech schonn d'Fro gestallt, wat maachen, wann him oder sengem Hond eppes bei enger Wanderung geschitt oder wann hien eng Persoun fënnt déi Hëllef brauch.

Informatiounen fir IVV-Wanderer

IVV Logo

Informatiounen fir IVV-Wanderer

Heit kritt dir an e puer Wieder erkläert wéi d'IVV-Wanderungen funktionéieren.

 

Wien kann hei zu Lëtzebuerg un den IVV-Wanderungen deelhuelen?

Fir bei den Wanderungen vum „Inernationalen Volkssportverband“ IVV matzemaachen, muss een net onbedéngt an engem Veräin sinn.

Jiddereen kann bei deenen Wanderungen matmaachen, Jonker, Erwuessener, eeler Leit an awer och Nordic-Walker, Jogger an Leefer.

Dacks gesäit een op den Wanderungen ganz Familljen mat Kutsch an Hond.

Also e richtegen Vollekssport.

Wien a wat ass de Lëtzebuerger Wandersportverband FLMP?

FLMP Logo officiel

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP mam offiziellen Numm „Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire“ kuckt, op iwwert eng 50 Joer laang Geschicht zréck.

Am Joer 1968, ass um Bodensee tëscht de Länner Däitschland, Schwäiz, Liechtenstein an Éisträich den IVV, den Internationale Volkssport Verband gegrënnt ginn.

Zil vun dësem Verband war et, fir de Leit sportlech Offeren unzebidden, wou et net em Leeschtung oder Zäit soll goen, mee ganz einfach nëmmen em eng gesond Beweegung.

Éischt Veräiner hunn dunn och zu Lëtzebuerg ugefaangen, ënnert den IVV-Reglementer eng Wanderung ze organiséieren.

Save
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Analytics
Tools used to analyze the data to measure the effectiveness of a website and to understand how it works.
Google Analytics
Accept
Decline