WWL Wander Blog

Featured

Wat maachen bei engem Noutfall um Wanderwee?

blog cgdisBestëmmt huet deen een oder aneren sech schonn d'Fro gestallt, wat maachen, wann him oder sengem Hond eppes bei enger Wanderung geschitt oder wann hien eng Persoun fënnt déi Hëllef brauch.

 

GouvAlert duerch AML ersat.

An der Zäit konnt een an engem Noutfall, iwwer GouvAlert säi Standuert un den 112 matschécken.

GouvAlert ass ofgeschaaft an duerch déi nei App Lu-Alert ersat ginn, déi awer keng Geolokalisatioun méi ubitt.

Den CGDIS huet an der Tëschenzäit den AML (Advanced Mobile Location) a Betrib geholl woumat all Uruff vun engem Handy automatesch geolokaliséiert gëtt.

Momentan ass ëtt awer nach sou, dass net systematesch all Standuert verschéckt gëtt.

Dat well nach net all Handy oder Software à jour ass.

Falls d’Geolokalisatioun net matgeschéckt gëtt, kann den CSU-112 eng SMS verschécken, wou den Uruffer per Click seng Donnée’e weiderleede kann.

 

59 Rettungspunkten am Gréngewald an awer och an anere Bëscher

blog rettungspunkt

An der Tëschenzäit sinn an deem 2500 Hektar groussen Gréngewald, sougenannten Rettungspunkten installéiert ginn.

Op deene Schëlder steet eng Nummer, déi een am Noutfall dem 112 matdeelt, wouduerch si dann genau wëssen wou een drun ass.

Dës Initiativ geet zeréck op d'Promotiounsaarbecht vun der Fierschterin Carole Back, an d'Naturverwaltung huet dunn Enn 2016 déi éischt 9 Rettungspunkten ageriicht.

Sou Rettungspunkten gesäit een awer mëttlerweil och an aner Bëscher, wéi een hei op der Foto vum Useldenger Autopedestre gesäit.

 

Wat maachen wann méin Hond verletzt ass?

blog hundespurEt kann jo och mol virkommen, dass den Hond sech verletzt oder z.B. an e Lach fält.

Och an deem Fall kann een den CGDIS ënner der Nummer 112 uruffen.

Si hunn esouguer e Spezialgrupp fir den "Sauvetage animalier".

 

 

  Source: CGDIS