Wien a wat ass de Lëtzebuerger Wandersportverband FLMP?
D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP mam offiziellen Numm „Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire“ kuckt, op iwwert eng 50 Joer laang Geschicht zréck.
Am Joer 1968, ass um Bodensee tëscht de Länner Däitschland, Schwäiz, Liechtenstein an Éisträich den IVV, den Internationale Volkssport Verband gegrënnt ginn.
Zil vun dësem Verband war et, fir de Leit sportlech Offeren unzebidden, wou et net em Leeschtung oder Zäit soll goen, mee ganz einfach nëmmen em eng gesond Beweegung.
Éischt Veräiner hunn dunn och zu Lëtzebuerg ugefaangen, ënnert den IVV-Reglementer eng Wanderung ze organiséieren.
Am Ufank iwwert de saarlännesche Landesverband vum DVV.
Déi éischt international IVV-Wanderung zu Lëtzebuerg war den 20. Mee 1971 zu Hamm, bei där 1.275 Wanderer deelgeholl hunn.
Am September 1971 hu sech dunn 18 Veräiner zesumme gesat a fir den 20. November 1971 sinn all intresséiert Veräiner invitéiert ginn, fir déi heiteg FLMP ze grënnen.
23 Veräiner hunn den Ufank gemaach a ganz schnell ass d’Wanderfamill ëmmer méi grouss ginn.
Éischte President war de René Hochstrass, deen d'Geschécker vun der Federatioun bis 1988 geleet huet.
Nieft nei entstanene Wanderveräiner hunn deemools vill Gesanksveräiner, Pompjeescorpsen, Footballsveräiner an och aner Sportveräiner eng „Marschsektioun“ gegrënnt fir sech der
FLMP kënnen unzeschléissen.
Schonns knapp 3 Méint méi spéit, ass d’FLMP de 6. Februar 1972 offiziell an den Internationale Volkssportverband IVV opgeholl ginn, an dat als éischten neie Member no de 4
Grënnungsmemberen.
Och d’Unerkennung vum Lëtzebuerger Sportskommissariat ass ee Mount méi spéit geschitt an am Joer 1978 huet d’Wandersportfederatioun vum Sportsministère den Titel vun der „utilité publique“ zougesprach kritt.
Schonns am Joer 1973 war ee Vertrieder vun der FLMP an der Kommissioun des Sports-Loisir vum COSL vertrueden an den 22. Februar 1975 ass d’Wandersportfederatioun offizielle Member vum Lëtzebuerger Olympesche Kommitee (COSL) ginn.
Wann haut d'Wanderungen a flotte Sportshalen oder Kulturzentre kënnen organiséieren ginn, war et fréier ganz oft eng Scheier, ee Bistro oder soss eng Plaz wou gestart ginn ass.
Wärend laange Jore konnt bei all Wanderung eng Medail gesammelt ginn.
D’Veräiner hu sech beméit, fir en attraktiivt Motiv ze fannen an eventuell esou guer eng ganz Serie dorausser ze maachen, fir d’Sammler ëmmer erëm unzelackelen.
Spéider sinn och nach aner Objeten ugebuede ginn, wéi Béierkréi, Wäiglieser, Placketten, Telleren a Gott weess wat.
Déi bescht vertruede Veräiner sinn och op all Wanderung mat enger Coupe belount ginn a sou war ganz oft kuerz éier de Startbüro zougaangen ass, de Kampf am Gaang, wien dann elo déi meeschte Wanderer op der Veranstaltung hat.
Mat der Zäit ass den Nationale Wandersportdag agefouert ginn a wärend laange Joren zu Klierf organiséiert ginn.
Vun 1981 un ass ee Spezialzuch vum Minett bis an d’Éislek gefuer, wat dësem Dag eng zousätzlech Importenz ginn huet.
Spéiderhin ass den Nationale Wandersportdag reegelméisseg an ofwiesselend op anere Plazen am Land organiséiert ginn.
Natierlech ass och déi Zäit schonns mat de Nopeschverbänn, déi an der Tëschenzäit och entstane sinn, zesumme geschafft ginn.
De 15. August 1976 ass zu Sierck-les-Bains déi éischt Montanwanderung organiséiert ginn, mat den nationale Verbänn aus Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland.
International ass et och an der Entwécklung vun den IVV-Organisatioune weider gaangen.
Zënter 1989 gëtt all 2 Joer eng IVV-Volkssport-Olympiade organiséiert, wou och ëmmer vill Lëtzebuerger Wanderer vertruede waren an nach ëmmer sinn.
Déi éischt „Olympiade“ war zu Valkenburg an Holland.
Duerno goung et weider mat Schömberg am Schwarzwald, Ribeauvillé am Elsass an Athen a Griicheland, wou eng gréisser Delegatioun vu Lëtzebuerg um Original-Marathonparcours zu Athen gewandert ass.
Och un der leschter Wander-Olympiade 2019 zu Aix-en-Provence war d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun eng vun de bescht vertruedenen Natiounen.
Am Joer 2010 ass zu Lëtzebuerg an der Coque um Weltkongress vum IVV och de Kontinentalverband IVV-Europa gegrënnt ginn.
Als éischte President huet de Gérard Wohl d’Geschécker vun der europäescher Federatioun geleet.
Knapp 2 Joer méi spéit, ass vun dësem europäesche Verband zesumme mat der FLMP an dem däitschen DVV déi éischt Europiad zu Iechternach an Irrel organiséiert ginn, wou Wanderer aus der ganzer Welt déi schéi Regioun ronderëm Iechternach an de Mëllerdall konnten entdecken.
Vum Oktober 2021 un stellt d’FLMP erëm den IVV-Europa President mam Romain Buschmann.
D’Wandere war an ass nach ëmmer beléift a mat de Jore sinn och ëmmer erëm nei Iddien entstanen a nei Weeër sinn opgemaach ginn.
Déi éischt Permanent Wanderweeër sinn ugebuede ginn, am Ufank op bestoende Parcourse vun de Leader-Parken zu Lëtzebuerg.
No an no sinn aner Strecken derbäi komm an haut offréiert d’FLMP mat senge Veräiner ca. 30 flott Trëppeltier, déi een zu jidderzäit wandere kann.
Mat verschiddene Partner konnt d’Offer weider ausgebaut ginn.
Fir d’éischt war et den Escapardenne an de Mëllerdall Trail zesumme mat de jeeweilegen ORTen, duerno d’Partnerschaft mat den CFL a verschidde Cupe ronderëm d’Gemenge Jonglënster, Fiels, Kayl an der Nordstad.
Zesumme mam Tourismusministère ginn och d'Auto-Pédestres vu Lëtzebuerg ugebueden, grad esou wéi de Lëtzebuerger Camino-Wee a kréien eng IVV-Validatioun.
Och un d’Kanner ass geduecht ginn.
De Young Walkers Day gëtt zanter laange Joren zesumme mat der LASEP ugebueden an Honnerte Kanner bedeelegen sech all Joer un dësem flotte Wanderdag fir d’Jugend.
Mam Partner Cactus ginn och schonns zanter e puer Joer déi sou genannte „Yuppi-Walken“ ugebueden, wou d’Kanner vun 3 bis 12 Joer fir hir Wanderaktivitéit um Ofschloss vum Joer belount ginn.
Fir Leit, déi léiwer a Begleedung wanderen, ginn et och ëmmer méi dacks geféiert Wanderungen.
Gewandert gëtt am Grupp a Begleedung vun e puer Guiden, déi d’Vitesse un de Grupp upassen an och nach vill Informatiounen iwwermëttelen, wann se déi schéinste
Plazen aus hirer Géigend weisen.
Op der anerer Säit ginn natierlech och méi sportlech Organisatiounen ugebuede.
Nieft ville Marathon-Wanderunge ginn am Ausland och reegelméisseg 100-Kilometer-Märsch ugebuede, wou och ëmmer erëm Lëtzebuerger Delegatioune present sinn.
38 lizenzéiert FLMP-Wanderer hunn sech an der Tëschenzäit an d’Lëscht vun dësem Exploit agedroen.
Dëst huet d‘Lëtzebuerger Federatioun dozou beweegt, fir eng änlech Organisatioun op d’Been ze stellen.
Fir jidderengem et ze erméiglechen, seng Konditioun a seng Limitten iwwert 24 Stonne festzestellen, ass am Joer 2018 den „all you can walk ... in 24 h“ organiséiert ginn.
An enger flotter Ambiance ass vun der Coque aus wärend 24 Stonnen duerch a ronderëm d’Stad Lëtzebuerg gewandert ginn, wou verschidde Leit et bis zu 150 gewanderte Kilometer gepackt hunn.
Wanderwoche sinn op verschiddene Plazen am Ausland ugebuede ginn.
D’FLMP huet dofir am restriktive Grupp ganz besonnesch Aventuren offréiert, wéi d’Traversée des Alpes vun Oberstdorf bis op Meran oder och nach d’Traversée des Vosges.
Fir op déi touristesch flott Géigenden hei am Land hinzeweisen, huet d'FLMP 2021 eng éischt Wanderwoch hei zu Lëtzebuerg ugebueden, wou all Dag an enger aner Regioun vum Land getrëppelt ginn ass, verbonne mat kulinaresche Leckereien, sief et am Restaurant oder och mat engem Lunchbasket.
Weider Wanderwochen si geplangt, ënner anerem iwwert de Lëtzebuerger Caminowee vu Léiler bis op Schengen, um Escapardenne grad ewéi duerch déi verschidde Regioune vun
eisem Land.
Haut zielt d’FLMP iwwer 4.000 Lizenzen a 45 Veräiner.
Organiséiert ginn iwwert d’Joer eng 60 offiziell IVV-Wanderungen an d’Bedeelegung an de leschte Jore läit an der Moyenne bei iwwer 1.000 Participante pro Organisatioun, dëst virun der Pandemie.
Den Altersduerchschnëtt ass an de leschte Jore vu 57 Joer erofgaangen op 45,5 Joer.
Nieft dem positiven Afloss op dat mentaalt Gläichgewiicht vum Mënsch, spillt de Wandersport haut nach ëmmer eng wichteg Roll am touristeschen a kulturellen Aspekt.
All Alterskategorien aus alle soziale Schichte kënnen duerch sportlech Aktivitéiten hir Gesondheet stäipen an dobäi d’Natur, d’Kultur an aner Regiounen a Länner kenneléieren, verbonne mat flotte Momenter an der Gesellegkeet.
Folgend Presidente stoungen a stinn un der Spëtzt vun der FLMP:
1971 - 1988 HOCHSTRASS René
1988 - 1990 FEIS Fernand
1990 - 2003 GRYSELEYN Léo
2003 - 2015 CLAUDE Raymond
2015 - BUSCHMANN Romain
Adresse postale
Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire asbl
Boîte postale 56
L-9201 Diekirch (Dikrech)
Sécrétariat administratif
Pia Kintziger
124 Rue Clairefontaine
L-9221 Diekirch (Dikrech)
Heures d'ouverture: uniquement sur rendez-vous pendant les heures de bureau (09h00 - 12h00; 13h00 - 17h00)
GSM: +352 691 302 687
Homepage: https://flmp.lu
Email:
Source: FLMP