Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
24.08.24: De Wee geet fort bei der Gare zu Elwen (wéineg Parkplazen). De Circuit ass op der ganzer Längt gudd gezeechent (wäiss Raut mat schwaarzem Storch). De Wee ass gudd ze goen (eenzeg Descente vum Elwener Tunnel kann gletscheg sin). De Circuit geet och muench mol laanscht Landstrooss (duerfir evtl. ze geféierlech mat Kanner). Ennerwee sin emmer nees Infotafelen mat interessanten Informatiounen zur Natur an och zur lokaler Geschicht ze fannen. Insgesamt e flotten Tour mat vill Natur, a flotten Panoramen. Bänken fir ze raschten sin éischter am Beräich Elwen opgestallt.