Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
29.06.24 Den Départ ass beim Kierfecht zu Bech (Parkplaazen). Den Wee ass a guddem Zoustand, an op der ganzer Längt gudd ausgescheltert. Et get momentan e puer Emleedungen, déi awer ganz gudd markéiert sin. Déi éischt zu Bech bei der Gare (Tunnel zou), déi zweet op der Schanz, déi drett hannert der Schanz, déi véiert beim Retour op Bech. Laanscht de Wee sin och relativ vill Bänken. Ennerwee bidden sech e puer ganz schéin Panoramen iwwert den Dall.