Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Beim Kierfent ass e Gratis Parking. De Wee ass zu groussen Deeler goudronnéiert, mee ab ca km 3 ass e gudde Kilometer iwwert onbefestegt Weeër ze goen, déi haut, um 2.4.24, esou schlëmm voller Bulli an esouguer voller Waasserlächer a klenge Baache waren, dass et ganz schwéier ze goe war, an een och besser keng Kanner mat geholl huet. Dobäi huet et haut a gëscht net vill gereent. Am Summer ass et hei sécher nach méi schéin ze goen. Och de Bëschweier um halwe Wee ass da méi flott - an déi Picknicksbänk nieft dem Weier kënnt do sécher zu Paass!