E ganz schéine Wee. Den Ufank geet duerch de Camping iwwert Sauer, duerno eng gutt Zäitschen biergop. Iwwert schéi Bëschweer bis op Esch-Sauer bei de Camping an zeréck.
Ofwiesslungsräiche Wee mat ganz flotte Passagen duerch de Bësch. Zwou ordentlech Steigungen an Descenten, soss gréisstendeels quasi flaach. Nom Wier 3 ass eng géi Steigung di Trëttsëcherheet verlaangt - mat Kanner wär et dann evtl besser dee Passage ennen op der Velospiste ze emgoen.