Schreift hei är Meenung oder Erfarung
Mir sinn dëse Wee bei 19 Grad, mat eisem 14 Joer Aale Mupp gaangen. Et géing mat enger Kutsch goen, wann een dat super schéint Stéck um Start, beim a laanscht de Camping géing iwwert de Goudrongswee ëmgoen, mee et verpasst een e schéint Stéck.
Mir si net um Start/Camping lass gaangen, mee bei 5, do, wou den ET2 d'Strooss vum Karelshaff op Mäertzeg kuerz beréiert. Do konnte mer op deem eenzege Picknicksdësch, tëscht 7 an 8, zu Mëtteg iessen, an um Camping e gudde Kaffi drénken. Um Réckwee goung et bei 3 nawell ferm de Bierg erop. Och hei wier eng Kutsch net gutt ze drécke gewiescht. Ëmmer nees hu sech schéin Ausblécker gebueden, net nëmmen op Ettelbréck...