Schreift hei är Meenung oder Erfarung.
Um Ausgangspunkt steet eng grouss Kaart mat de Wanderweer, an et hängt eng Kescht do wou een sech kann eng Wanderkaart vum J24 huelen. An der Uertschaft ass momentan eng Emleedung vum Wanderwee (27.04.24), déi exzellent ausgezeechent ass. Ennerwee get et just e klengt Steck wou méi Bulli ass, mais am allgemengen ass de Wee ganz gudd ze goen. Bänken sin allerdengs net vill ennerwee.